
DIR BESTUET IECH GÄREN?
Als éischt emol häerzleche Gléckwonsch! Elo kennt eng opreegend Zäit op iech duer voller Planung bis zu dem schéinsten Dag an ärem Liewen. Ech géif mech freeën iech mat Rot an Dot zur Säit ze stoen an iech ze hëllefen aer Hochzäit ze plangen an iech duerch déi flott a spannend Episode vun ärem Liewen ze begleeden.
Dir sidd nach op der Sich no engem Sall, engem Fotograf oder engem Caterer? Kee Problem! Zesummen entwéckele mer vill flott Iddien, ganz individuell ofgestëmmt op äre Goût an äre Budget. Um Dag selwer sinn ech un ärer Säit fir alles ze koordinéieren, sou dass dir kee Stress hutt an all perfekte Moment kënnt entspaant genéissen.
Egal op dir nach guer keng Iddi hutt wéi är Hochzäit am Detail soll ausgesinn oder op dir schonn een Deel geplangt hutt an net méi weider wësst, zesumme fanne mer dee fir iech richtege Wee.
ALLES OP DER KOPP
An dëser spezieller Zäit weess een ni solle mer oder dach léiwer net? Corona-Hochzäit oder léiwer verréckelen? Egal bei wat fir enger Decisioun, ech kann iech gären ënnert Ärem gräifen mam emplangen reorganiséieren. Et kann een och am Wanter eng wonnerschéin Hochzäit feieren.
Dier braucht hëllef dann zeckt net an mellt iech bei mir, dann kenne mer dat zesummen maachen.
SPECIAL EVENTS
GREEN EVENT
Iech läit d’Ëmwelt um Häerz? Ech hu mech op gréng Eventer spezialiséiert a kann iech dobäi hëllefen är Hochzäit „Low Waste“ mat esou mann ewéi méiglech Offall ze organiséieren ouni dass dobäi d’Schéinheet vun der Dekoratioun oder de Goût vum Iessen ze kuerz kennt. Esou kennt dir sécher sinn dass ären Dag net nëmme fir iech mee och fir d’Ëmwelt e schéinen Dag gëtt.

THEMENHOCHZAIT
Wann iech een Thema vill um Häerz läit wäert ech all Méigleches maachen fir är Hochzäit deemno ze gestalten mat vill Léift zum Detail an gudden Ideen.

WANTERHOCHZÄIT
Parc Hotel Alvisse
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() |
![]() | ![]() |
Ob engem schéinen Wanterdag mat bësschen Sonn huet meng Koppel sech am Februar d'Jo-Wuert ginn.
E bësschen Sonn huet eisen "First Look" dramhaft an onvergiesslech gemaach. Duerno war d'Bestietnis op der Gemeng éier et dunn un d'Feierlechkeeten gaangen ass, den Aperitif war am Centre culturel "an der Schèiss" uschléissend Iessen mat superfflotter Feier am Parc Hotel Alvisse. Thema vun der Hochzäit war d'Liblingshobby vun der Koppel dat gemeinsaamt Reesen, eng Candy Bar genau sou wei Fotobox hunn och net gefeelt.
Info
Fotoen "Love by Chrissie" by Christine Eckhardt
Makeup by Make-up & Styling by Luca
Blumen "made by mely"
Brautkleed "Marryfair das Hochzeitshaus"
Location Parc Hotel Alvisse
HIERSCHTHOCHZÄIT
Am Hierscht kann een mat Blieder an Kürbissen eng herrlech schéin Dekoratioun zesummestellen mat e puer Käerzen gesäit dat herno am däischteren schéin an dëser däischterer Joreszäit aus
een groussen Merci un meng Brautkoppel fir d'Vertrauen
Info
Fotoen "Dena Weddings"
Blumen "De Fleurs en Fleurs"
Location Restaurant "Parc Le'h"
EVENTS IN PROGRESS
Extra op meng Clienten ofgestëmmten Thema.
Hiert Hobby ass natierlech och op der Feier vertrueden, mat klengen Eenzelheeten an Léift um Detail an der Deko mat abruecht.
TENNIS
STYLED WEDDING SHOOT
An enger flotter Kooperatioun mat verschiddenen Déngschtleeschter sinn wonnerschéin Fotoen entstanen.
Merci
@lovebychrissie
@iamluca94
@bysiebenaler
@floratheik
@madewithlovefromlux
IWWERT MECH
Mäin Numm ass Nadine Demuth, ech si Mamm vun 3 Kanner an ech hunn no enger Neiorientéierung zum Beruff vum Weddingplanner fonnt. Nieft menger kreativer an och e bëssi geckeger Säit , schaffen ech einfach gär mat Mënschen zesummen. Ausserdeem sinn ech gutt organiséiert, fläisseg an trotzdeem ganz spontan fir flexibel kennen ze reagéieren.
Ech sinn der Meenung dass jiddereen säin eenzegaartegen a fir hie perfekten Hochzäitsdag verdéngt huet, an et ass mer eng Freed dobäi kennen ze hëllefen.
![]() | ![]() | ![]() |
---|---|---|
![]() | ![]() | ![]() |
„Die Liebe ist ein Stoff den die Natur gemacht und die Phantasie bestickt hat“
Voltaire
PRÄISSER
Well et mir wichteg ass iech als Clienten op engem perséinlechen Niveau ze beroden an ze verstoe wat är Besoine sinn, proposéieren ech ëmmer en éischt, onverbindlecht Kenneléiere bei enger Taass Kaffi. Esou kann ech iech di verschidde Packagen a Präisser erklären an dir siicht iech gezielt eraus wéi ech iech am beschten ënnerstëtze kann.
Jee no Besoin ka mäi Service just aus eenzele Punkte wéi zum Beispill der Recherche vu wichtegen Déngschtleeschter oder dem Ausschaffe vun engem Dekoratiounskonzept bestoen. Gäre begleeden ech iech awer och vun A bis Z an ärer Planung an iwwerhuelen um Dag selwer d’Koordinatioun vun deenen eenzele Fournisseuren, fir dass dir äert Fest ganz a Rou kennt genéissen.
