top of page
logo_edited.jpg
nabe_0272.jpg

DIR BESTUET IECH GÄREN?

Als éischt emol häerzleche Gléckwonsch! Elo kennt eng opreegend Zäit op iech duer voller Planung bis zu dem schéinsten Dag an ärem Liewen. Ech géif mech freeën iech mat Rot an Dot zur Säit ze stoen an iech ze hëllefen aer Hochzäit ze plangen an iech duerch déi flott a spannend Episode vun ärem Liewen ze begleeden.

Dir sidd nach op der Sich no engem Sall, engem Fotograf oder engem Caterer? Kee Problem! Zesummen entwéckele mer vill flott Iddien, ganz individuell ofgestëmmt op äre Goût an äre Budget. Um Dag selwer sinn ech un ärer Säit fir alles ze koordinéieren, sou dass dir kee Stress hutt an all perfekte Moment kënnt entspaant genéissen.

Egal op dir nach guer keng Iddi hutt wéi är Hochzäit am Detail soll ausgesinn oder op dir schonn een Deel geplangt hutt an net méi weider wësst, zesumme fanne mer dee fir iech richtege Wee.

nabe_0273.jpg

WANTERHOCHZÄIT

Parc Hotel Alvisse

Ob engem schéinen Wanterdag mat bësschen Sonn huet meng Koppel sech am Februar d'Jo-Wuert ginn.

E bësschen Sonn huet eisen "First Look" dramhaft an onvergiesslech gemaach. Duerno war d'Bestietnis op der Gemeng éier et dunn un d'Feierlechkeeten gaangen ass, den Aperitif war am Centre culturel "an der Schèiss" uschléissend Iessen mat superfflotter Feier am Parc Hotel Alvisse. Thema vun der Hochzäit war d'Liblingshobby vun der Koppel dat gemeinsaamt Reesen, eng Candy Bar genau sou wei Fotobox hunn och net gefeelt.

Info

Fotoen "Love by Chrissie" by Christine Eckhardt

Makeup by Make-up & Styling by Luca

Blumen "made by mely"

Brautkleed "Marryfair das Hochzeitshaus"

Location Parc Hotel Alvisse

20210815_071019875_iOS_edited.jpg

ALICE IM WUNDERLAND HOCHZÄIT

Plannung @Dena Wedding's
Blummen @Floratheik
Fotoen @yourdayphotography
DJ @DJCherry
Location @Schengener Haff

20210818_200419988_iOS_edited.jpg

DEKORATIOUN GANZ INDIVIDUELL MAT ALL DETAIL

Perfekt organiseiert

20210818_200737024_iOS.jpg

HOCHZEITSLOCATION DEKO

Verdreemt

20210818_204409327_iOS.jpg

KOORDINATIOUN VUM FEST

 wonnerschein an onvergiesslech

SEPTEMBER HOCHZÄIT

Di lescht Hochzäit fir mech des Saison

20210918_145425709_iOS.heic

HOCHZÄIT AM PARC LE'H ZU DIDDELENG

Mat vill perséinlechen Detailer ass Wand fir Fräi Trauung dobaussen erstallt gi.
Blummen vun Fleurebelle

20210918_145230712_iOS.heic

BAUSSEN DEKORATIOUN

Eng schéin Wëllkommens Dekoratioun weist Freed un der Planung vum Event mat vill Léift an Detail gemaach eng Zesummenaarbecht vun der Brautkoppel an dem Hochzäitsplanner

20210918_145917246_iOS.heic

DEKORATIOUN VUN DER LOCATION

Dekoratioun war an Porzeläin vun der Bomi vun der Braut gesat gi, vill kleng eenzel Detailer hunn Brautkoppel selwer mat vill Léift iwwert Wochen selwer hiergestallt, dat schount Ressourcen an de Portemonnaie

20210918_165240482_iOS.heic

EMGESTALLTEN VUN DEKOELEMENTER

Nodeems Trauung dobaussen färdesch war an d'Feier dobannen weider gaangen ass hunn ech Dekoratioun dobannen nach eemol schéin opgestallt sou konnt een de ganzen Owend nach dovunner profitéieren an se war net nëmmen fir een kuerzen Moment.

20210918_150049923_iOS.heic

DESCHDEKORATIOUN

Dëschdekoratioun eng Kombinatioun zweschend frësche Blummen am Porzeläin, Sukkulente mat Baamscheiwen

HIERSCHTHOCHZÄIT

Am Hierscht kann een mat Blieder an Kürbissen eng herrlech schéin Dekoratioun zesummestellen mat e puer Käerzen gesäit dat herno am däischteren schéin an dëser däischterer Joreszäit aus

Info
Fotoen "Dena Photography, Joana Salm"
Blumen "De Fleurs en Fleurs"
Location Restaurant "Parc Le'h"

Meng eischt Hochzait vun der neier Saison zweemol verreckelt an enfin konnte mer feieren.
am Château du Bois d'Arlon
DJ Starsky huet Musek gemeet
den Julien Bands huet Fotoen gemeet
D'Blummen sin vun L'Ecrin de fleurs
an den Jay Witlox huet Leit ennerhaalen
Et war mir eng eier mat ierch kennen ze schaffen

20220423_140431566_iOS_edited.jpg
20220423_121621216_iOS.jpg
20220423_130603425_iOS.jpg
20220423_150532427_iOS.jpg

FAARWESCH BLUMMEN

Hei hunn ech mat der Braut zesumme passend Blumme fir hier Hochzäit erausgesicht, et ass een extra farweschen Ensembel eraus komm, sou wie si et sech gewënscht haten.

  De Sëtzplang hate mer hei op Fläsche gemaach alles mat vill Léift a Prezisioun vu mir gemaach.

Back in Time

D' Braut wollt sech genau wei hier Eltere scho am Gaart bei der Bomi bestueden.

Des Gaardenhochzait war eng richteg Monsterprojet, mee Biller schwätze fir sech.

Mat enger gudder Detail Planung hat meng Koppel een wonnerschéinen Dag an d' Wieder hat och mat gespillt.

Fotoen: Dena Photography

Glück ist Liebe, nichts anderes...

Hochzäit am Château Bayard

Ëmmer eng grouss Freed a mengem Job ass eng wonnerschéin Locatioun. Hei war Thema Tennis mat vertraue ma wonnerschéinen Blumme gemëscht.

Fotoen: Dena Photography

Eng Bauerenhochzäit
haat ech och schon auszeriichten Resultat gefällt mir super gudd. eemol Dekoratioun an der Kierch
an eemol am Festsall

Fotoen: Dena Photography
 

Coming soon

Hei kommen demnächst weider Fotoen vun mengen Hochzäiten

An der Dekoratioun bréngen ech ëmmer schéin perséinlech Elementer mat an fir är Dekoratioun fir iech Entgeeschtertes an onvergiesslech schéin ze maachen passend zu ärem Konzept.

ALLES OP DER KOPP


Een Beitrag am Tageblatt iwwert déi speziell Zäit wou mer net feieren konnten an alles verréckelt huet missen gi, ech war och mat betraff am éischten Joer vun menger Selbststännegkeet.

_DSC3086-web.jpg

STYLED WEDDING SHOOT

An enger flotter Kooperatioun mat verschiddenen Déngschtleeschter sinn wonnerschéin Fotoen entstanen.

Merci


@lovebychrissie
@iamluca94
@bysiebenaler
@floratheik
@madewithlovefromlux

IWWERT MECH

Mäin Numm ass Nadine Demuth, ech si Mamm vun 3 Kanner an ech hunn no enger Neiorientéierung zum Beruff vum Weddingplanner fonnt. Nieft menger kreativer an och e bëssi geckeger Säit , schaffen ech einfach gär mat Mënschen zesummen. Ausserdeem sinn ech gutt organiséiert, fläisseg an trotzdeem ganz spontan fir flexibel kennen ze reagéieren.

Ech sinn der Meenung dass jiddereen säin eenzegaartegen a fir hie perfekten Hochzäitsdag verdéngt huet, an et ass mer eng Freed dobäi kennen ze hëllefen.

„Die Liebe ist ein Stoff den die Natur gemacht und die Phantasie bestickt hat“

Voltaire

IMG_8690.JPG

PRÄISSER

Well et mir wichteg ass iech als Clienten op engem perséinlechen Niveau ze beroden an ze verstoe wat är Besoine sinn, proposéieren ech ëmmer en éischt, onverbindlecht Kenneléiere bei enger Taass Kaffi. Esou kann ech iech di verschidde Packagen a Präisser  erklären an dir siicht iech gezielt eraus wéi ech iech am beschten ënnerstëtze kann.

Jee no Besoin ka mäi Service just aus eenzele Punkte wéi zum Beispill der Recherche vu wichtegen Déngschtleeschter oder dem Ausschaffe vun engem Dekoratiounskonzept bestoen. Gäre begleeden ech iech awer och vun A bis Z an ärer Planung an iwwerhuelen um Dag selwer d’Koordinatioun vun deenen eenzele Fournisseuren, fir dass dir äert Fest ganz a Rou kennt genéissen.

Bridal Hair

Danke für's Absenden!

nabe_0279.jpg

Demuth Nadine

Wedding Planner Luxembourg

+352 661 499 533

Whatsapp +352 661 499 533

  • Facebook
  • Instagram
bottom of page